Actualité

Visite vum éisträichesche Botschafter op der Gemeen

Den 5. Juli war den éisträicheschen Botschafter Gregor Schusterschitz op der Gemeen op Besuch.

No enger Receptioun vum Schäfferot, goufen kleng Cadoen ausgetosch, dorënner en T-Shirt vun den Uesweller Pompjeen, déi den 9. Juli un der Pompjeesolympiade zu Villach an Éisträich deelhuelen.

Uschléissend huet den Här Botschafter den Musée Tudor besicht.