Evènement

Trëppeltour "ouni Grenzen"

Date de création
Catégorie
Téléphone

Départ den 1. Mee 2017
zu Rouspert am Sauerpark

De Syndicat d'Initiative et de Tourisme vun der Gemeen Rouspert, an Zesummenaarbecht mat der Integratiounskommissioun an der Gemeen luet Iech häerzlech op den Trëppeltour « ouni Grenzen » zu Rouspert am Sauerpark den 1. Mee 2017 um 9.30 Auer an.
 

Treffpunkt : Pavillon am Sauerpark

 

Mir wandere vu Rouspert aus fort iwwert Staumauer wou et duerch Rolingen sportlech erop op de Kaalebierg gëtt. Uewen ukomm genéisse mir den herrleche Bléck iwwer d'Gewaan. Weider geet et Richtung Wandmille wou mir erëm zeréck an de Bësch kommen an iwwer de spektakuläre Felsenweg zeréck Richtung Kaalebierg wanderen. Bei der Antenn ukomm genéisse mir déi wonnerschéi Vue iwwer de ganze Sauerdall. Laanscht ee Bunker aus dem 2. Weltkrich féiert eis de Wee zeréck.
 

No der Wanderung vun knapp 3 Stonnen lued de SIT zesummen mam Club des Jeunes vun Uesweller ob e gemittlëcht Zesummesinn mat Gegrilltem a Gedrénks an.

Plan du "Trëppeltour"

Trëppeltour den 01.05.2017.pdf